Actualité

Visitt vum LLC an der BNL (Klass 3BC)

D’Klass 3BC huet Donneschdes, de 7. Juli de Luxembourg Learning Center (LLC) um Belval an d’Nationalbibliothéik um Kierchbierg besicht. Begleet goufen si vun hirer Däitschprof Christiane Burton, hirer Franséischprof Carla Lucarelli an der Bibliothekarin aus dem LGE, dem Nancy Fiedler. Op béide Plaze kruten si e geféierten Tour wou si villes iwwert dës zwou Bibliothéike gewuer gi sinn. Verschidde SchülerInne waren virdrun nach ni do an si waren iwwerrascht wéi modern an oppen dës Plaze sinn a si wäerten elo sécher méi oft de Wee dohi fannen.

Luxembourg Learning Center : d’Bibliothéik vun der Uni Lëtzebuerg um Belval


Nationalbibliothéik um Kierchbierg:

 

 


Sidd Dir och virwëtzeg? Méi Infoen fannt Dir hei :