Wat ass de Jugendtreff ?
- Et ass een Treffpunkt fir all d’Schüler aus dem LGE ausserhalb vun de Schoulstonnen.
- E soll de Jugendlechen e Fräiheetsraum ginn an eng Plattform ubidden, wou si sech kenne léieren, austauschen, ausroue mee sech awer och ausdrécke kënnen an iwwert eventuell Konflikter kënne schwätzen.
- Et gëtt ee vun Educateuren encadréiert, mee et kann een och seng eegen Autonomie developpéieren an deem een zu der Organisatioun a Planifikatioun vun Aktivitéite bäi dréit. De Prinzip vum fräiwëllegen Engagement vun de Schüler steet am Mëttelpunkt vun dësem Konzept.
- Am Jugendtreff kënne Schüler eng ganz Réi un Ekippement a Material fannen (z.B. “Chilleck” mat Canapé, Gesellschaftsspiller, Kicker, Ping Pong,…) D’Schüler kënnen och un der Gestaltung a Raimlechkeet vum Jugendtreff deel huelen.
- D’Zil vum Jugendtreff ass d’Schoulklima ze verbesseren a gläichzäiteg Schüler ze motivéieren hier Meenung ze äusseren an sech gläichzäiteg fir hier Schoul a Komeroden ze engagéieren.
Wéini ass de Jugendtreff op?
De Jugendtreff ass all Dag ausserhalb vun de Schoulstonnen an der Sall Polyvalente iwwert der Kantin op:
- virun der Schoul ab 07h15,
- an der Paus 09h40-09h55,
- wärend deenen zwee Servicer,
- no der Schoul 14h20-16h10.
Falls nach Froe zum Jugendtrëff bestinn, kënne Schüler an Enseignanten gären a Kontakt mam Service socio-éducatif (SSE) trieden: sse@lge.lu oder am Sall 124