Actualité

Jugendtreff : de neie Projet vum SSE

Wat ass de Jugendtreff ?

  • Et ass een Treffpunkt fir all d’Schüler aus dem LGE ausserhalb vun de Schoulstonnen.
  • E soll de Jugendlechen e Fräiheetsraum ginn an eng Plattform ubidden, wou si sech kenne léieren, austauschen, ausroue mee sech awer och ausdrécke kënnen an iwwert eventuell Konflikter kënne schwätzen.
  • Et gëtt ee vun Educateuren encadréiert, mee et kann een och seng eegen Autonomie developpéieren an deem een zu der Organisatioun a Planifikatioun vun Aktivitéite bäi dréit. De Prinzip vum fräiwëllegen Engagement vun de Schüler steet am Mëttelpunkt vun dësem Konzept.
  • Am Jugendtreff kënne Schüler eng ganz Réi un Ekippement a Material fannen (z.B. “Chilleck” mat Canapé, Gesellschaftsspiller, Kicker, Ping Pong,…) D’Schüler kënnen och un der Gestaltung a Raimlechkeet vum Jugendtreff deel huelen.
  • D’Zil vum Jugendtreff ass d’Schoulklima ze verbesseren a gläichzäiteg Schüler ze motivéieren hier Meenung ze äusseren an sech gläichzäiteg fir hier Schoul a Komeroden ze engagéieren.

Wéini ass de Jugendtreff op?

De Jugendtreff ass all Dag ausserhalb vun de Schoulstonnen an der Sall Polyvalente iwwert der Kantin op:

  • virun der Schoul ab 07h15,
  • an der Paus 09h40-09h55,
  • wärend deenen zwee Servicer,
  • no der Schoul 14h20-16h10.

Falls nach Froe zum Jugendtrëff bestinn, kënne Schüler an Enseignanten gären a Kontakt  mam Service socio-éducatif (SSE) trieden: sse@lge.lu oder am Sall 124