Actualité

DramatEsch 2022/2023: Mutter Erde und Ihre Kinder

„Mutter Erde und ihre Kinder“ vun DramatEsch, de 27. Abrëll am Festsall vum LGE:

„… et c’est ainsi que la mère de la terre rendit visite à ses enfants, clandestinement. […] Was sie dort wohl sehen wird?“ – DramatEsch huet et duerchgespillt an Zeenen aus eisem Liewen hei op der Äerd erausgegraff.

Sou féieren si dem Public zum Beispill Mënsche virun Aen, déi just nach schwaarz-wäiss op d’Welt kucke kënnen, an nëmmen iwwert technesch Hëllefsmëttel d’Äerd an hire Faarwen gewise kréien.

Mënsche begéinen sech op der Gare a waarden op den Zuch, dee si weiderbréngt. De Quai gëtt eng Bün, op där Liewensfiedem gesponne ginn.

De bedroten Äisbier Benny kënnt zu Wuert, deen huet misse seng Géigend verloossen, well em seng Liewensgrondlag, seng Äisscholl, ewechgeschmolt ass. An där neier Welt steet him d’Hung Polly als Frëndin zur Säit an ass dach esou anescht wéi seng Gefärten a senger Heemechtswelt.

Beliicht gëtt och, wéi mer eis duerch Bildung an Aarbecht definéiere respektiv wéi eng Normen een erfëlle muss, fir op eng Plaz ze passen. An da si mer do jo nach als Elteren an als Kanner, déi sech am Alldag mateneen erëmschloen.

An enger Villfalt vu Rencontren halen d’Schauspillerinnen an d’Schauspiller vun DramatEsch d’Mënschheet an hir Ëmwelt fest. Dëst Joer goufe si och musikalesch begleet an Intervallë vum Nicolas Deletaille an Nina Mallinger.

DramatEsch, dat waren 2022-23: Lili Armuth (4.5), Lana Bach (5.3), Elena Bauer (3.B), Michelle Bou Raad (5.1), Lily Brimaire (7.4), Briana Da Silva Sousa (3.A), Leni Georges (3.A), Victor Korobeynikov (6.1), Sara Leidner (4.5), Zélie Lestavel (5.1), Melissa Moos Schmit (6.1), Anouk Seghetto (2.E), Lynn Thoma (5.1), Julie Wagner (3.C) a Lou Wampach (7.3), mat hiren Enseignanteën, der Mme Carla Lucarelli an der Mme Christiane Burton, fir d’Regie respektiv d’Dramaturgie; den Här Christian Schaack huet eng Hand ugepaakt beim Bünebild, an der Technik d’Häre Claude Weiten an Alfonso Rizzo.




photos : (c) Claude Burton, Christian Schaack, Raoul Trentin