Actualité

Centre national de littérature

Den 10. Juli 2023 waren e puer Schülerinne vun der 3eA zesumme mat der Madamm Bley an de Centre national de littérature op Miersch.

Bei enger Visitt guidée duerch d’Haus vun der Famill Servais, an deem sech haut dës Institutioun befënnt, hunn d’Schülerinnen de Liessall, d’Bibliothéik an d’Fonge gewise kritt. Dobäi sinn hinnen d’Missioune vum CNL erkläert ginn:

  • d‘Sammelen an d‘Konservéiere vu Literatur, déi zu Lëtzebuerg entstanen ass,
  • d’Erausbrénge vu Monographien, Ausstellungskatalogen a Reeditiounen,
  • d’Organisatioun vun Ausstellungen,
  • d’Organisatioun vu literaresche Manifestatiounen a Literaturpräisser.

Op déi Manéier sinn de Schülerinnen eng Partie Beruffer virgestallt ginn, déi mat der Literatur a Relatioun stinn.