Den 28. Juni 2024 sinn all d‘Schülerinnen a Schüler vun 2e d’Cour de justice um Kierchbierg op Aluedung vum Här François Biltgen, Riichter a fréieren LGE-Schüler, besiche gaangen.
Bei dëser Visitt kruten déi Jonk en Abléck an de Fonctionnement an an déi verschidde Beruffsfelder um Europäesche Geriichtshaff, an dat duerch zwee multilingual Videoen, en Tour duerch d’Gebailechkeeten an duerch Virträg vum Här Radoux, Mataarbechter am Cabinet vum Här Biltgen a vun der Madamm Schockmel, momentan Stagiaire am Cabinet vum Här Biltgen a fréier LGE-Schülerin. An der Presentatioun vun der Madamm E. May gouf op d’Erausfuerderunge vum Dolmetscher a vum Iwwersetzer verwisen.
Och d’Innenarchitektur a verschidde Konschtobjete konnte wärend dësem Besuch bewonnert ginn.
Ee léierräichen Dag, dee fir eis Schülerinnen a Schüler aus dem LGE eng Beräicherung duergestallt huet!