Actualité

Cours préparatoires cycle 4.2 : inscription

Cours préparatoires LGE – éischt Phas

Zënter der Rentrée 2022/23 bitt den LGE nieft deem pedagogeschen Encadrement op 7e a 6e elo och fächerspezifesch Preparatiounscourse fir d’Schüler aus dem Cycle 4.2 am Fondamental un. Am Fokus stinn hei déi leeschtungsstaark Schüler, déi duerch eng geziilt Fërderung op d’Kompetenzberäicher am ESC (Enseignement secondaire classique) virbereet solle ginn. D‘Zil vun de Coursen ass et also, dass den Iwwergank tëscht dem Fondamental an dem Secondaire fir d‘Schüler aus dem Cycle 4.2 vereinfacht gëtt, andeems si vun enger inhaltlecher Virbereedung op d’Lycées-Course profitéiere kënnen.


Dës Course si gratis a fannen am Zäitraum tëscht November a Februar ëmmer dënschdes an donneschdes mëttes vu 14:40 bis 16:10 am LGE statt. D’Inhalter vun de Course sinn esou ausgeluecht, dass déi zukünfteg Lycées-Schüler op déi dräi Haaptfächer op 7C, nämlech DäitschFranséisch a Mathematik, virbereet ginn.

D’Elteren treffen de Choix vum Wochendag a vun der Fächerkombinatioun.


D’Course fannen an zwou Phase statt, woubäi déi éischt Phas vum 4. November bis 6. Dezember wärend engem Zäitraum vu 5 Woche fir all d‘Schüler aus dem Cycle 4.2 op ass. D’Schüler léieren hei eent vun deenen zwee Fächer au Choix kennen. Déi zweet Phas ab Januar riicht sech dann an éischter Linn un déi Schüler, déi eng Orientatioun fir op 7C kréie kënnen an déi sech dozou bereet erklären, eng Preinscriptioun am LGE ze maachen.

D’Eltere kënnen hir Kanner bis spéitstens den 23. Oktober 2024 iwwert dee folgende Formulaire umellen. D’Coursen starten an der Woch vum 4. November 2024.


Chers parents,

Si vous êtes intéressés par les “Cours préparatoires LGE”, veuillez s.v.p. remplir le formulaire ci-dessous en indiquant vos préférences personnelles concernant le jour et les branches au choix.

INSCRIPTION : cours préparatoires au LGE (cycle 4.2)

  • Vos données personnelles (du parent / tuteur)

  • Les données de votre enfant

  • Choix des cours préparatoires

  • (*Votre enfant ne participera qu'une fois par semaine à un des cours. Si le mardi et le jeudi après-midi vous conviennent, nous prendrons la décision en fonction de nos disponibilités.)
  • Ce champ n’est utilisé qu’à des fins de validation et devrait rester inchangé.

Après avoir validé le formulaire, vous allez recevoir un message automatique qui confirme votre inscription. Pendant la semaine du 28 octobre vous recevrez un message avec des informations supplémentaires concernant le début des cours, la salle de classe, la branche et le matériel nécessaire.