Actualité

Exzellent Resultater vun eise Schülerinnen a Schüler beim CanSat Concours vun der ESA (European Space Agency)

Vu  Januar bis Abrëll vun dësem Joer huet d’Deuxièmesoptioun Physik am Alldag ënner der Betreiung vum Jonathan Mengozzi a Gerson Rodrigues fir déi drëtte Kéier un der véierter lëtzebuergescher Editioun vum CanSat Concours vun der ESA (European Space Agency) deelgeholl. Zousätzlech dozou goufen d’Schülerinnen a Schüler och nach vum externen Expert Raoul Gross beim Entworf a Printe vun hirem Satellit ënnerstëtzt.

Bei dësem Concours geet et dorëms ee klenge Satellit a Form vun enger Dous mat engem integréierte Prozessor a Sensoren ze bauen an ze programméieren. Dëse Satellit gëtt da mat enger Rakéit op ongeféier ee Kilometer Héicht bruecht a gëtt do fale gelooss. Ee selwer hiergestallte Fallschierm soll de Satellit dobäi lues a sécher op d’Äerd zeréckkomme loossen, wärend d’Sensoren den Drock an d’Temperatur moossen, se op de Prozessor späicheren a simultan un eng Buedemantenn schécken. Um Buedem soll dofir een zweete Prozessor programméiert ginn, fir mat Hëllef vun enger selwer gebauter Yagi-Antenn d’Donnéeën opzefänken a lokal op engem Laptop ze späicheren.

D’Ekippe ginn no ënnerschiddleche Critèrë bewäert:

  • Wëssenschaftlechen an edukative Wäert: 35%
  • Technesch Performance: 35%
  • Professionell Fäegkeeten: 15%
  • Mediatiséierung a Präsentatioun vum Projet: 15%

D’Schüler kréie fir de ganze Projet ee Basiskit an ee Budget zur Verfügung gestallt a sollen da vu Januar bis Mee de ganze Projet op d’Bee stellen. Si mussen dobäi reegelméisseg Rapporten ofginn a Präsentatioune virun enger Jury halen, déi d’Finalisten auswielt. Dës däerfen dann ufanks Mee d’Militärbasis Elsenborn an der Belsch besichen, wou si um Launch vun der Rakéit deelhuelen. Si iwwernuechten do a bereeden dobäi hire leschte Rapport an hir lescht Präsentatioun fir, déi si den Dag drop am Science Center zu Déifferdeng der Jury virstellen.

Insgesamt waren 19 Ekippen aus verschiddene Lycéeën doru bedeelegt. D’Deuxièmesoptioun Physik am Alldag huet mat 3 Ekippen un der Editioun 2024 vun dësem Concours deelgeholl:

Almatron (vu lénks no riets): Karisik Aymen (2CLB), Wagner Sophie (2CB), Taiclet Mélie (2CB), Rohner Moritz (2CLB), Rege Shiven (2CLB), Thiel Max (2CLB)

Asteria24 (vu lénks no riets): Schrantz Oscar (2CB), Liu Anna (2CB), Guo Ting (2CC), Hasancevic Sara (2CC), Berchem Zoé (2CC)

SkyHigh (vu lénks no riets): Rabbani Khan Tamjid (2CB), Moreira Dinis Max (2CB), Omer Eliot (2CB), Grilleta Alessio (2CD), Beni Matteo (2CB), Abraão David (2CC)

Zum Schluss konnten allen 3 Ekippen aus dem LGE sech bis an d’Finall duerchsetzen.  An der Finall hunn dann zwou vun eisen Ekippen 2 vu 5 Präisser gewonnen, woubäi all Ekipp vu vir era just ee Präis gewannen dierf. D’Ekipp Asteria24 gouf mam Präis „Outstanding Science Mission“ belount, wärend d’Ekipp SkyHigh mam Präis „Most Professional Team“ ausgezeechent gouf. D’Ekipp Almatron konnt trotz hirer impressionanter automatiséierter Antenn an enger selwer entworfener Platinn leider hir Dous net erëmfannen an huet doduerch leider kee Präis gewonnen.


Hei nach e puer Andréck vum Launch Day: