Actualité

Am Undenken un de Christophe Leonard

Mat schwéierem Häerz musse mir matdeelen, dass den Här Christophe Leonard vill ze fréi vun eis gaangen ass. Hien war net nëmmen en exzellenten Enseignant, mee och en treie Frënd, Kolleeg an eng Inspiratioun fir eis all. Seng Passioun an Opmierksamkeet fir seng Schüler wäert fir ëmmer an eiser Schoul weiderliewen.

An dëser schwéierer Zäit encouragéiere mir jiddereen an der Schoul, Schüler ewéi Mataarbechter, sech géigesäiteg z’ënnerstëtzen. Berodungsdéngschter (SSE, ESEB, SEPAS) sinn an der Schoul verfügbar fir jiddereen, dee wëll driwwer schwätzen. Zéckt net fir an dëser schwéierer Zäit no Ënnerstëtzung ze froen – dir sidd net eleng.

Déi schéi Momenter, déi mir mat him gedeelt hunn, wäerten eis ëmmer begleeden.

E Freideg, den 8. November ass um 11 Auer eng Trauerzeremonie an der Turnhal. Si ass fir déi ganz Schoulgemeinschaft, dem Christophe seng Famill a seng Frënn.

Vill ze fréi vun eis gaangen, mee fir ëmmer an eisem Häerz.