Actualité

Cours préparatoires LGE – zweet Phas

Déi éischt Phas vun de Cours préparatoires LGE geet op en Enn an erlaabt et en éischte Bilan ze zéien. All déi Schüler, déi wärend fënnef Wochen un der éischter Phas vun de Coursen deelgeholl hunn, wäerten an deenen nächsten Deeg e Mail mat weideren Informatioune kréien a sinn d’office zougelooss zur zweeter Phase.

D’Eltere kënnen all déi interesséiert Schüler, déi mat der zweeter Phas vun de Coursen wärend fënnef Wochen virufuere wëllen, tëscht dem 2. an 16. Dezember 2024 iwwert den Online-Formulaire hei ënnendrënner umellen. Doriwwer eraus ass d’Umeldung och un eng Preinscriptioun am LGE gebonnen. Deen entspriechende Formulaire (PDF-Datei) sollt erausgeprint an ausgefëllt an déi éischt Stonn vun der zweeter Phas matbruecht ginn. Falls d’Schüler no den Epreuven am Cycle 4.2 eng Recommandatioun fir den Enseignement secondaire classique (ESC) kréien, erlaabt dës Préinscriptioun Iech, dass Äert Kand prioritär am LGE fir d’Rentrée 2025/26 opgeholl gëtt. D’Préinscriptioun muss zum Schluss vum Schouljoer duerch eng eemoleg Inscriptioun validéiert ginn.

D’Course vun der zweeter Phas starten de 7. resp. 9. Januar a wäerten nees eng Kéier an der Woch ofgehale ginn. D’Schüler léieren hei ee weidert Haaptfach kennen. D’Elteren erhalen am Virfeld e Mail mat allen Informatiounen zum Oflaf bis spéitstens de 6. Januar 2025.


Chers parents,

Si vous êtes intéressés par la suite des “Cours préparatoires LGE”, veuillez s.v.p. remplir le formulaire ci-dessous en indiquant vos préférences personnelles concernant le jour et les branches au choix. Toute inscription à la deuxième phase des “Cours préparatoires LGE” est liée à la condition de faire une préinscription au LGE pour la rentrée 2025/26 (voir annexe ci-dessus). En validant votre préinscription à la fin de l’année scolaire, celle-ci vous donne accès prioritaire à une inscription en 7C au LGE.