En Dënschden, den 13. Mäerz 2025, huet am Forum an der Stad d’Iwwerreechung vun den Ofzeeche vum Mérite Jeunesse stattfonnt. A Präsens vum Ierfgroussherzog Guillaume, dem Prënz Guillaume, de Ministere Claude Meisch a Martine Deprez, den Direktiounen aus de verschiddene Lycéeën, dem Comité an den Tuteure vum Mérite Jeunesse a villen houfregen Eltere sinn 323 Jonker geéiert ginn. Aus dem LGE krut de Luca SCHLENTZ (3CC2) d’Bronzeofzeechen, wärend d’Sofia DIMAURO (2CE), de Jeremy FISCHBACH (1CD) an d’Magali Lopez Verruno (2CB) mat Sëlwer belount goufen.
Mer gratuléieren !
Informatiounen zum Mérite Jeunesse sinn um Site www.merite.jeunesse.lu ze fannen.
Photos : (c) Fernand Schmitz








