
Luca Schlentz – 3.C
De Luca huet op 5e an engem Franséischcours Theater gespillt an huet elo, zwee Joer méi spéit, d’Geleeënheet ergraff, an den DramatEsch ze kommen.
Et mécht him Spaass, sech an en anere Personnage eranzesetzen, en ze interpretéieren an en zum Liewen ze erwecken.
Op der Bün ze stoe bedeit fir hien d’Fräiheet, eppes duerzestellen, wat en net ass, an dofir och net perséinlech jugéiert ze ginn. Hien ass begeeschtert vun der Gruppendynamik a kënnt megagär an d’Theaterprouwen. Hien ass frou, de Prometheus ze spillen, deen net esou egoistesch wéi déi aner Gëtter ass.
Sech selwer beschreift hien als kontaktfreedegen, hëllefsbereete Mënsch, deen e bësse wibbeleg ass, wat dozou féiert, dat hien op der Bün léiere muss, seng Hänn ënner Kontroll ze bréngen.
D’Theatererfarung huet dozou gefouert, datt hie méi selbstsécher ginn ass: „Ech hunn och geléiert, kritiséiert ze ginn, ouni blesséiert ze sinn.“

Lena Wallenborn – 2.C
„Dëst Joer oder ni – dann dëst Joer, sot sech d’Lena Wallenborn. Well op der Première aus Zäitgrënn keen Theaterengagement méi méiglech ass, huet d’Lena als 2e-Schülerin déi lescht Geleeënheet ergraff, bei engem Schoultheater matzemaachen. Hatt wollt dat scho méi laang, ma e Schoulwiessel an aner Aktivitéiten hunn hatt zäitlech ze vill an Usproch geholl.
„Op der Bün ze stoen ass scho cool.“ D’Lena turnt och an ass also Optrëtter gewinnt, ma d’Spill ob der Theaterbün, d’Bünebild, wéi herno alles zesummekënnt, beandrockt hatt. Aus sech erausgoen, sech a Charakteren eraversetzen, mat Kritik ëmgoen empfënnt d’Lena, wat sech als empathesch, hëllefsbereet an emotional beschreift, als wichtege Léierprozess.
Op der 3e huet hatt de Goethe am Däitschcours gesinn, elo spillt hatt en. Sproochlech ass d’Goetheroll méi schwéier wéi aner Rollen, seet hatt: „Ma ech verstinn dem Goethe säi „Prometheus elo besser.“
D’Zélie ass säit 7e derbäi. Scho virum Lycée huet hatt an der Vakanz en Theaterstage gemaach an ass wéinst dem DramatEsch an den LGE komm. Theater bedeit fir hatt eng gutt Opreegung: „Wann ee bis am Spill ass, mécht een dat, wat ee gären huet.“
Heiansdo muss een sech iwwerwannen, mengt d’Zélie. Hatt ass e bësse schei am Ufank vun enger neier Situatioun, gesäit sech och als e „bëssen tollpatscheg“, ma seng kreativ Säit hëlleft him, Spaass op der Bün ze hunn. Duerch seng Theatererfarung an entspriechend Stëmmübunge fält et him haut méi liicht, an der Schoul virun der Klass ze schwätzen an hatt traut sech méi.
De Choix vun de Sprooche bei DramatEsch fënnt hatt flott: „Sou léiert een och an deene Sprooche bäi, déi een net sou gutt beherrscht.“
An der Theaterequipe fillt hatt sech wuel. An der Tëschenzäit bréngt hatt et och gutt fäerdeg, kleng Pannen ze meeschteren. Bei enger Opféierung, bei där hatt sech schnell huet missen anescht undinn, ass hatt mat den Talleken a senger Box hänkebliwwen a wier bal gefall, dat huet säi Spill awer net beanträchtegt.
Well d’Iddi vun der romantescher Léift him gutt gefält, ass hatt frou, d’Aphrodite ze spillen. Hatt wëll net, datt d’Aphrodite nëmmen als zickeg duergestallt a gesi gëtt.

Melissa Moos Schmit – 4.1
D’Melissa brauch heiansdo e klenge Schubs fir seng Talenter aktiv ze weisen. Dee Schubs krut hat op 7e vu senger Däitschprofessorin an hatt huet doropshin decidéiert, bei DramatEsch matzemaachen, eng Decisioun, déi him net leed deet. Hatt huet an der Theatergrupp nei Frënd fonnt a geléiert, och mat onerwaarte Situatiounen op der Bün eens ze ginn. Bei engem vu sengen Optrëtter huet den Cellospiller méi laang gespillt, wéi hatt geduet huet, sou datt hatt net wosst, wéini genau säin Asaz wier. Hatt wollt sech dat awer net umierke loossen an huet sech einfach déi ganzen Zäit em hien erëm beweegt, bis hien opgehalen huet.
D’Melissa ass vum Wiesen hier e kreativen, oppenen a wëssbegierege Mënsch. Hatt ass zimmlech zilorientéiert a perfektionistesch. Am Theater huet hatt awer och geléiert ze improviséieren.
Hatt liest a schreift gär a bréngt sech iwwer dee Wee och an den Theater mat an, sou zum Beispill mam Marie-Antoinette. Hatt fënnt dës historesch Perséinlechkeet, déi extreem romantiséiert awer och verdäiwelt gëtt, zimmlech spannend an dofir gefält et him, dat d’Aurora an hirer Niddergeschloenheet, kuerz d’Roll vum Marie-Antoinette spillt, déi no hirem Rum eng ganz aner, manner schéi Säit vum Liewe kenneléiert.
D’Lily ass schonn an der Primärschoul an enger Theatergrupp aktiv gewiescht a wollt dunn am Lycée weider Theater spillen. Dohier ass hatt direkt op 7e bei den DramatEsch komm. D’Fräiheet, selwer ze bestëmmen, wéi eng Roll ee wëll iwwerhuelen, gesäit hatt als grousse Virdeel, fir den Theater mat anere Fräizäitaktivitéite verbannen ze kënnen.
D’Lily schwätzt gär viru Leit an huet och net gezéckt, op 7e nieft Däitsch och eng Roll op Franséisch ze iwwerhuelen, fir seng Kompetenz an dëser Sprooch ze verbesseren.
Hatt ass mat Freed a Wëssbegier derbäi a paakt iwwerall eng Hand un, wou se gebraucht gëtt.
D’Athena ass eng kämpferesch, selbstbewosst Fra, mat där hatt sech duerchaus identifizéiere kann.
Lina Hinterscheid Dos Santos – 5.1
D’Lina ass säit engem Joer derbäi. Natierlech kascht et, sou d’Lina, dat sech als introvertéiert bezeechent, „Courage, fir ob enger Bün eppes ze präsentéieren“, ma bei „richtegem Theater“ matzemaachen ass fir hatt „eng wonnerschéi Balance vu Seriositéit a Spaass.“ Hatt huet schonn Theatererfarung aus der Grondschoul matbruet, wollt awer weider Erfarunge sammelen an u senger Aussprooch an däitscher Diktioun schaffen.
Him gefält et, datt am Theater och grousse Wäert op Mimik a Gestik geluet gëtt an een anhand vun Übunge léiert, eng nei Ambiance ze schafen.
D’Lina well ëmmer genau wëssen, wéi eppes geet, hatt gëtt schnell nervös, huet am Theater awer och geléiert, sech net ze vill ze stressen, wann ee Feeler mécht, an e Wee ze sichen, aus der Situatioun dann erëm erauszekommen.
Hatt ass frou, dem Hera en neit Gesiicht ze ginn, net nëmmen zickeg, ma als staarken onofhängege Charakter.
Michelle Bou Raad – 3.A
D’Michelle ass an den DramatEsch komm, fir seng Diktioun am Däitschen ze verbesseren an ass elo säit 6e mat groussem Spaass derbäi: „Ech kann eppes maachen, wat Kënschtler maachen, wat ech normalerweis net maachen.“
Den Theater gëtt him d’Méiglechkeet, „sech un eppes ze erënneren, wat ech mech getraut hunn ze maachen.“ Fir hatt war et zum Beispill aussergewéinlech, bei enger Theaterübung Déieregeräischer ze maachen.
Am Theater huet hatt och geléiert, Gefiller auszedrécken.
Datt een als Schülerin mat iwwer d’Sprooch, d’Roll an den Text decidéieren oder souguer selwer schreiwe kann, gefält him gutt.
Et entsprécht sengem Charakter, oppen eppes ze soen, wann et him net gefält an hatt ass frou, an der Roll vum Artemis eng staark Fra op der Bün duerzestellen.

Nina Bregoli – 4.1
Et hu schonn e puer Leit zum Nina gesot: „Du muss Theater spillen!“ a wéi d’Melissa him vum DramatEsch erzielt huet, ass hatt mol kucke komm an ass elo mat vollem Asaz derbäi. Hatt ass e ganz loyale Mënsch an huet sech séier an d’Equipe integréiert. Seng Rationalitéit hëlleft him och, den Iwwerbléck ze behalen. Hatt gesäit, wann eppes feelt an hëlleft gär bei der Organisatioun.
An der Tëschenzäit huet hatt geléiert, méi haart a mat manner Angscht viru Leit ze schwätzen.
D’Heimchen am Herd entsprécht net esou senger perséinlecher Liewensvirstellung, ma grad dofir fënnt hatt et interessant, d’Hestia ze spillen.
Virstellung vun de SchauspillerInnen : Luucht u fir :
- 03.04.2025 : Michelle Bou Raad a Nina Bregoli
- 06.04.2025 : Lily Brimaire a Lina Hinterscheid Dos Santos
- 08.04.2025 : Zélie Lestavel a Melissa Moos Schmit
- 14.04.2025 : Luca Schlentz a Lena Wallenborn
- 18.04.2025 : Selma Wallenborn a Lou Wampach
- 20.04.2025 : Maria Xanthopoulou, Mia Badia an Anna Kass
Sidd Dir virwëtzeg ginn, da kommt dat neit Theaterstéck vum DramatEsch de 24. oder de 25. Abrëll an den Escher Jongelycée kucken!
Den Entrée ass fräi, reservéiert weg. är Plaze via http://www.edulink.lu/gyh5
Fir weider Informatiounen oder Froe kënnt Dir am Schülersekretariat uruffen : 55 62 85 – 220
