Actualité

Grousse Succès vun eise Schüler bei de Schachturnéieren 2024/2025!

Am fakultative Schachcours, deen all Freideg nom Unterrecht stattfënnt, dréit sech alles ëm d’Spill vun de Kinneken. Ufänger léieren hei d’Reegelen an d‘Grondlage vum Schach an enger entspaanter Atmosphär. Déi, déi schonn Erfarung hunn, kréien ugepassten Aufgaben, fir hiert Spill nach weider ze verbesseren. Natierlech bleift och genuch Zäit, fir einfach géinteneen ze spillen an dat Geléiert unzewenden. Dobäi kënnt, datt Schülerinnen a Schüler u Schoulschachturnéieren deelhuelen an dat mat groussem Succès. Op de leschten dräi Turnéieren huet den LGE all Kéiers déi zweet Plaz am Equippeklassement gemaach an zweemol war den Eenzelgewënner vum Turnéier e Schüler aus dem LGE.


Turnéier am LTL : Nunes Ferreira Martim – 2t Plaz bei den non-licenciés

Turnéier am LTL : Pleim Emile -1t Plaz

Turnéier am LTL : Ciricovic Dani – 3t Plaz non licenciés U14 / Nunes Ferreira Alfonso – 2t Plaz non licenciés U14

Turnéier an der EIDE

Turnéier an der EIDE : Ekipp LGE – 2t-Plaz / Pleim Emile – 2t Plaz Eenzel / Nunes Ferreira-Martim – 3t Plaz non-licenciés

Turnéier am Lycée privé Emile Metz :

Turnéier an der Ecole privée Emile Metz : LGE Ekipp – 2t Plaz / Pleim Emile – 3t Plaz Eenzel

Eis Schüler beim Spillen:

am LGL : Tereza Ndzebir

am LGL : Socha Scheulen Charlie

am LGL : Pleim Emile