Den 28. Mee 2025 huet d’Zeremonie vun de Meilleurs élèves am Festsall vum LGE stattfonnt. Hei goufen déi 130 bescht Schülerinnen a Schüler vu 7e bis 2e fir hir besonnesch gutt schoulesch Resultater an den éischten zwee Trimester vum Schouljoer 2024-2025 geéiert. Felicitatiounen! Nieft engem Certificat krut jiddereen als Belounung ee Bicherbong, dee vun der APELGE gestëft gouf.













Dee selwechten Owend war d’Scheckiwwerreechung vum Chrëschtmoart 2024. Och bei der 7. Editioun ass erëm ee schéinen Don fir de gudden Zweck zesummekomm. Dëst Joer goung den Erléis un d’Associatioune POUR UNE PARENTHESE an un d’APEMH.

photos : Sven Bour