Actualité

Visite du Musée National de la Résistance et des Droits Humains

 

Den 10. Juni 2025 huet d’Klass 2eD zesumme mat hirer Geschichtsproff Madamm Hoffmann an hirer Engleschproff Madamm Hurt eng Visitt vum Resistenzmusée gemaach. D’Klass 2eD huet aktiv um Projet « Rucksakbibliothéik » deelgeholl, dee mir mir dëst Joer am Jongelycée hunn.

Ënnert anerem hunn si mat Archiven aus der Krichszäit geschafft an sech intensiv mat der Geschicht vum Jongelycée wärend der Besatzungszäit beschäftegt. De 25. Februar hunn si dem Temoinage vum Här Marc Cukier nogelauschtert, engem Zäitzeien aus der Zweeter Generatioun, deen erzielt huet, wéi seng Famill am Krich deportéiert ginn ass.

Elo hunn si sech déi permanent Ausstellung am Resistenzmusée ugekuckt.