Däischter Deeg: Minett Poesie
En Hommage un de Gaston Rollinger (1946-2024), Dichter a Filmpionéier aus der Hiel.
Um Fouss vun de Fielsen, déi hannert den Haiser,
vu Baschten zerrass, an der Owessonn stinn,
am roude Revéier mat Brécken a Gleiser,
déi nëmmen drop waarden, zerschloen ze ginn…
(„Wou ech wunnen“)
📌 SAVE THE DATE !
🎬 Donneschdes, de 25. September 2025 – 20h00
Filmprojektioun: Terre Rouge : Topographie du poète
📍 FerroForum – Site Metzeschmelz
🎭 Freides, 26. & Samschdes, 27. September 2025 – 20h00
Poetesch-cinematographesche Concert
📍 FerroForum – Site Metzeschmelz
De Gaston Rollinger huet säi ganzt Liewen am Quartier Hiel zu Esch verbruecht. An dësem Mikrokosmos um Fouss vum Kazebierg, tëscht der franséischer Grenz, der aler Brasseur Schmelz, de Weieren an de Minièren am Ellergronn sinn och seng ronn 40 Gedichter op Lëtzebuergesch entstanen.
Ouni Pathos, ma net ouni Humor schwätze si an enger direkter, billerräicher Sprooch universell Theme wéi d’Liewen, d’Aarbecht, den Doud an d’Vergänglechkeet un. D’Hiel an den Niddergang vun der Eisenindustrie bidden dozou den Dekor.
De Museker a Regisseur Fränz Hausemer huet sech wärend e puer Joer intensiv mat sengem Wierk beschäftegt an eng Partie vu senge Gedichter vertount. Dorauser sinn de ganz intimistesche Museksalbum „Däischter Deeg“ (2024) an den Dokumentarfilm „TERRE ROUGE-Topographie du poète“, deen 2025 vum Luxembourg City Film Festival selektionéiert gouf, entstanen.
Am historeschen Zentralatelier vun der Metzeschmelz treffen d’Téin a Biller aus dësem poetesch-cinematographesche Concert op de Stol an de Stëbs aus der Héichzäit vun der Lëtzebuerger Eisenindustrie. Chanson, Jazz a filmesch Klangwelten am Dialog mam Geescht vum Stolwierk.
Mat:
Fränz Hausemer Piano, Stëmm
Greg Lamy, elektresch Gittar
Benoît Martiny, Batterie, Perkussioun
Luciano Pagliarini, Saxophon
Benoît Legot, Kontrabass
Renata Van der Vyver, Viola
Daniel Pagliarini, Akkordeon
Marco Lorenzini, Rezitatioun
Partner: FerroForum, Lycée de Garçons Esch, Kulturfabrik, Ville d’Esch
Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun Centre national de l’audiovisuel, Centre national de littérature, Œuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte, Ministère de la Culture.

Infoen zum Album a Verkaf am Shop vum CNL : https://shop.literaturarchiv.lu/de/audio-visuels/232-daeischter-deeg-.html