Ausfluch mam SSE an de Walygator Park
En Donneschden, den 10. Juli war den SSE mat 34 Schülerinnen a Schüler an de Walygator Park. Si hunn sech all gutt ameséiert a sinn esou an hir verdéngte Summervakanz gestart.
Merci un all d’ Schülerinnen a Schüler, déi matkomm sinn!

Ausfluch mam SSE – vun Dillingen op Iechternach mam Kayak
E Freiden, den 11. Juli, war den SSE mat 12 Schülerinnen a Schüler op Dillingen gefuer, fir vun do aus 12km Kayak bis op Iechternach ze fueren. Si waren alleguer ganz sportlech engagéiert an hunn sech gutt ameséiert.
