Klass 77:
Zesumme mat der Madamm Mastropietro vum SSE a mat der Madamm Laurent war d’7C7 an den Ellergronn.
A Begleedung mam Schoulhond Mea hunn d’Schülerinnen a Schüler verschidden Aktivitéiten zum Thema Natur gemaach. Wärend dem Trëppelwee missten si ënnert anerem verschidde Beem a Blumme sichen a bestëmmen.


Klass 5CL1:
D’5CL1 huet de 25. Juni Düsseldorf visitéiert. Owes hunn d’Schülerinnen a Schüler um Theaterstéck „Draussen vor der Tür“ vum Wolfgang Borchert am Schauspielhaus Düsseldorf deelgeholl – een Drama, dat an der Klass behandelt gouf.

Klass 2D an 2G:
Vum 5. bis den 8. Juli waren d’Klassen 2D an 2G op enger flotter Schoulrees zu Porto. Mat dobäi waren 32 Schüler*innen an si goufe vun der Mme Hurt, Mme Ferry, Mme Zago an dem M. Reimen begleet.
Zu Porto hu mir vill kulturell a geschichtlech Plazen entdeckt, déi portugisesch Liewensweis kennegeléiert a natierlech och Zäit zesumme genoss.
