Temoinage iwwert d’Studierees op Auschwitz
Ech hat gemengt, ech wier gutt virbereet op déi Studierees op Auschwitz. Bicher hunn ech gelies, Filmer gekuckt a Geschichten héieren. Awer näischt konnt mech op déi Realitéit virbereeden, déi ech do ze gesi krut. An der Rou héiert een d’Geschicht nach ëmmer flüsteren. All Steen, all Foto, all déi Hoer erzielen eng Geschicht; eng Geschicht, déi een nimools vergiessen däerf. Et weist, wouhin den Haass féiere kann, wann d’Mënschlechkeet verluer geet. Tëschent de Maueren an dem Stacheldrot gëtt d’Geschicht op eemol gräifbar. Auschwitz léiert eis, dass hannert all Zuel ee Mënsch stoung – mat Dreem, mat Léift a mat Liewensmutt.
Rocha Maiara, 2CG2
Programme:

