Actualité

11.02 & 12.02. : Melomania 2026

D’Museksdepartement freet sech iech zesumme mat eise musikalesch talentéierten an engagéierte Schülerinnen a Schüler op déi neisten Editioun vum Melomania ze invitéieren.

Dëst Joer kënnt dir bei eisen Optrëtter de 11. an 12. Februar, wéi gewinnt, am Artikuss zu Zolwer mat derbäi sinn. Den Ufank ass um 19:30, d’Diere ginn um 19:00 op. Wéi üblech kënnt dir natierlech virdrun, an der Paus an och duerno nach an eiser Buvette zerwéiert ginn. Mir hoffen, dir kommt zu ganz vill, fir eis Schülerinnen a Schüler ze ënnerstëtzten a mir feeën eis elo schonn op äre Besuch.

Tickete ginn et ënner follgendem Link bei eventbrite http://www.edulink.lu/15js