Wéi elo schonns fir déi 8. Kéier ass am Lycée de Garçons Esch Solidaritéit net nëmmen e Wuert, mee eng Astellung. Dank dem Engagement vun eise Schülerinnen a Schüler, den Enseignanten an alle Mataarbechter konnt erëm e schéinen Erléis fir de gudden Zweck gesammelt ginn.
Dëst Joer geet d’Hëllef un „Blëtz a.s.b.l.“, eng Organisatioun fir Betraffener vun engem Hiereschlag.
De 16. Juni 2026 wäert bei der Scheckiwwerreechung symbolesch dat weidergi ginn, wat duerch vill kleng a grouss Bäiträg méiglech gemaach gouf.
E risege Merci geet un all d’Schülerinnen a Schüler, hir Enseignanten, de Schülercomité, d’APELGE, d‘AVEK esouwéi un dat administratiivt an technescht Personal. An natierlech och un all d’Visiteuren, d‘Elteren, d‘Familljen, d‘Frënn an d‘Nopere vum LGE, déi mat hirer Präsenz a Generositéit dëse Chrëschtmoart zum Liewe bruecht hunn.











































































































































