Actualité

Bee Secure – „Hype im Netz“

D’Schülerinnen a Schüler vun de 6e-Klassen haten d’Freed en Donneschden, de 26. Februar am Kader vun der Präventiounsaarbecht vum SSE un enger BEE SECURE-Formatioun deelzehuelen.

Dës Formatioun huet den Alldag vu jonke Leit opgegraff an huet sech mat aktuellen Theme ronderëm d’Méiglechkeeten a Risike vum Internet beschäftegt. Mat praktesche Fallstudie goufen d’Schülerinnen an d‘Schüler op eng spilleresch an interaktiv Manéier mat dëse Froen a Kontakt bruecht.

De Fokus louch besonnesch op den aktuelle Geforen an der digitaler Welt.

Ugeschwaten Theme waren Deepfakes, Desinformatioun, Haassried, Privatsphär, Cybermobbing, Cybergrooming, kënschtlech Intelligenz (KI), gefälschte Profiller, Pornographie, Online-Erausfuerderungen, asw.

Mir soen dem ganze BEE SECURE-Team Merci fir hir Zäit an hir konstruktiv Bäiträg.