Den 11. an 12. Februar 2026 war och dëst Joer nees eisen traditionelle Melomania am Artikuss zu Zolwer. Mat iwwer 70 Schülerinnen a Schüler hu mir nees e gutt gefëllte Sall mat engem ganz ofwiesslungsräiche musikalesche Programm verwinnt. Bei dëser Editioun haten och eng ganz Rei méi jonk Schülerinnen a Schüler d’Geleeënheet, hir Talenter op der Bün ze weisen. Nieft deenen traditionellen Nummeren, wéi eisem groussen Orchester, eiser Chorale an de Classses musicales vu 7e a 6e, hate mir dës Kéier och eng ganz Rëtsch Duetter an Trioen, fir déi eis Schülerinnen a Schüler selwer verantwortlech waren an déi si just ënnert dem periodesche Coaching vun hire Musiksprofesseren op d’Bün bruecht hunn.
D’Stëmmung am Sall huet op jiddwerfall drop schléisse gelooss, dass de Melomania 2026 nees e grousse Succès war a mir freeën eis schonn op d’Editioun vun 2027, déi da ganz ënnert dem Zeeche vun 125 Joer LGE stoe wäert.
(c) photos : Sylvain Geyer

