Actualité

Orika 2026 : Besuch aus der Grondschoul vum Cycle 4.1 + 4.2

Och dëst Schouljoer 2025/2026 koumen nees aus verschiddene Gemengen (Déifferdeng, Péiteng, Esch, Monnerech, Schëffleng a Käl-Téiteng) eng ganz Rei Schoulklassen am Kader vum Orika-Projet an den LGE fir e bësse Lycéesloft ze schnupperen. 

Tëscht Februar an Abrëll 2026 hunn eng ronn 450 Schoulkanner mat hire jeeweilegen Enseignanten de Wee bei eis fonnt. 

An eisem Restaurant huet et mat enger Stäerkung ugefaangen, ier d’Kanner un enger Presentatioun vum Lycée an un zwee interaktiven Atelieren am Engleschen an an den Naturwëssenschaften deelgeholl hunn. 

Mir soen all de Kanner an hirem Léierpersonal Merci fir hiert Interessi an hir aktiv Participatioun.

E grousse Merci geet och un eist Personal, dat aktiv matgemaach huet a sech mat groussem Engagement ëm d’Kanner gekëmmert huet.