Actualité

Porte ouverte 2026

E Samschdeg, de 25. Abrëll 2026, huet de Lycée de Garçons Esch seng Diere fir vill interesséiert Visiteuren opgemaach.

Schülerinnen a Schüler aus de Grondschoulen zesumme mat hiren Elteren hunn d’Geleeënheet genotzt, eis Schoul an hir villfälteg Offer kennenzeléieren.

Am Kader vu guidéierte Visitte konnten d’Gäscht eis Raimlechkeeten entdecken an e liewegen Abléck an eise Schoulalldag kréien. Zousätzlech hunn Informatiounspresentatiounen vun der Direktioun op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch eis Schoul, hir Besonneschkeeten an hir Schwéierpunkte virgestallt.

Am Schoulrestaurant waren iwwerdeems eng Rëtsch Stänn opgestallt. Hei konnt ee geziilt Informatiounen iwwert d’Offer op der 7e an der 3e, iwwert d’Latäin an den Uelzechtkanal kréien, Froen un de SePAS, den SSE oder d’ESEB stellen an eng Preinscriptioun virhuelen.

Fir ze iessen an ze drénken, huet d’Apelge gesuergt.

Dës Porte ouverte war gepräägt vu villen interessante Begéinungen, spannende Gespréicher an enger oppener a häerzlecher Atmosphär. Mir soen all eise Visiteuren e grousse Merci fir hiren Interessi, an och all den Enseignanten, de Mataarbechter, der Apelge souwéi de Schüler, déi mat hirem Asaz zum Erfolleg vun dësem flotte Moie bäigedroen hunn.