Vum 19. bis den 22. Abrëll 2026 war de Lycée de Garçons Esch op der Schoulfoire vertrueden.
D’Schoulfoire riicht sech un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 3 a 4 vum Fondamental, un déi lescht Klass vun den internationale Grondschoulen, un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Secondaire, esouwéi un hir Elteren an u Professioneller aus dem Bildungsberäich. Si bitt eng exzellent Geleeënheet, déi verschidde Facettë vum lëtzebuergesche Schoulsystem kennenzeléieren a sech iwwert d‘Schoul- a Beruffsorientéierung ze informéieren.
Fir eis Schoul war d’Participatioun eng flott Méiglechkeet, mat villen interesséierte Jonken, Elteren a Fachleit an den Austausch ze kommen, eis Offer virzestellen a Kontakter ze knäppen. Sonndes war den LGE dobäi vun der Direktioun vertrueden, wärend op deenen aneren Deeg Mataarbechterinnen a Mataarbechter aus dem SEPAS, der ESEB an dem SSE present waren.

