D’Schülerinnen an d’Schüler vun de 4ièmen aus dem LGE esou wéi hir Proffen a Begleeder schécken e schéine Bonjour aus dem Salzburger Land. Nieft der Visitt vun der Liechtensteinklamm, dem Kloterpark an der Eisriesenwelt erliewen si Natur pur. Mee och Kultur zu Salzburg selwer steet um Programm. Si freeën sech alleguer op nach e puer schéin Deeg am Gréngen.

