Actualité

Classe verte 2026

D’Editioun vun der Classe verte 2026 huet vum 9. bis de 14. Mee 2026 zu Sankt Johann im Pongau an Éisträich stattfonnt. Déi 91 Schüler aus de 4e-Klassen, begleet vun 12 Enseignanten a Mataarbechter aus dem LGE, hunn un engem ofwiesslungsräiche Programm deelgeholl, dee kulturell Entdeckungen, sportlech Aktivitéiten, praktescht Léieren an d’Liewen an der Gemeinschaft kombinéiert huet.

Zu den Aktivitéiten hunn ënnert anerem d’Visitt vun der Liechtensteinklamm, der Eisriesenwelt, der Stad Salzburg, Rafting- a Klotergaart -Aktivitéiten esouwéi een Atelier fir Éischt Hëllef gezielt.

Den Openthalt ass ënner gudde Konditioune verlaf an huet de Schüler eng beräicherend Erfarung op mënschlechem, edukativem a sozialem Plang erméiglecht.

Hei e puer Schülertemoinagen, déi dëst beleeën:

Ech fannen, datt d’Classe verte dat bescht ass, wat een op der 4e ka maachen. Et léiert ee vill méi Leit kenne wéi gemengt, et gëtt een op ee Mol eens matt Schüler, matt deenen ee sech an der Schoul net esou gutt verstanen huet an et gesäit ee si aus enger anerer Perspektiv.

Et hat ee vill méi Loscht dobaussen ënnerwee ze sinn a mat anere Schüler ze interagéieren a Sport ze maachen ewéi nëmmen a sengem Zëmmer ze sëtzen. D’Aktivitéiten hunn ultra Spaass gemaach, mee mir waren um Enn vum Dag meeschtens mega midd. All déi Bierger, d’Ambiance an de Geroch vum Landhaus, wou mir eist Zëmmer haten, hu mech staark u meng Heemecht a Montenegro a Serbien erënnert. Dowéinst war et vill méi emotional fir mech, mäin Alldag do ze verbréngen. D’Vue bei gewëssen Aktivitéite war atemberaubend. Ech hunn d’Natur vill méi bewosst wouergeholl a Wäert geschätzt.

Mir hoffen, de follgende 4e-Klasse gefält et genee esou gutt wéi eis.

Elida Hot, 4e2

D’Classe verte huet mir super gefall. Et ware cool, spannend a spaasseg Aktivitéiten. Saachen, déi ech mech virdrun ni getraut hätt ze maachen, hunn ech gemaach. Éisträich generell ewéi och de Schlosshof ware mega schéin. Ech hunn nei Leit kennegeléiert an nei Kolleege fonnt, woufir ech mega dankbar sinn.

Samira Kremer, 4e2

D’Aktivitéite waren all deck cool. Mer haten zum Beispill am Kloterpark vill Zäit fir alles aleng auszeprobéieren. Beim Rafting war et immens kal, mee et huet sech gelount. Mir sinn allgemeng méi enk matt Leit vun den anere 4e-Klasse ginn, wat mir virdrun ni erwaart hätten, wat och sënnvoll ass, well mir jo d’nächst Joer op Sektioune ginn an esou hu mer schonns e puer Kolleege fonnt. Et hunn sech nei Frëndschafte geschloss. Allgemeng war et eng ganz witzeg Zäit, déi mir all ni vergiesse wäerten.

Lina Jüttel Schintgen, 4e2