Actualité

Meilleurs élèves / remise chèque Chrëschtmoart

Remise vun de Certificaten un d’Meilleurs élèves 2025-2026

Am Kader vun enger feierlecher Zeremonie goufen de 16. Juni d‘Certificaten un d’Meilleurs élèves vun de Klasse 7e bis 2e am Festsall vum LGE iwwerreecht. Insgesamt 130 Schülerinnen a Schüler kruten dës Auszeechnung als Unerkennung fir hir exzellent schoulesch Leeschtungen. Als zousätzlech Belounung krut all ausgezeechente Schüler e Bicherbong, dee vun der APELGE, der Elterevereenegung vum LGE, gestëft gouf.

No der offizieller Remise waren déi bescht Schülerinnen a Schüler zesumme mat hire Familljen, Enseignanten an Invitéen op e Patt am Schoulhaff agelueden.

Den LGE gratuléiert allen Ausgezeechenten häerzlech a wënscht hinne weiderhi vill Erfolleg op hirem schoulesche Wee.


classe 7e


classe 6e


classe 5e


classe 4e


classe 3e


classe 2e


Scheckiwwerreechung vun der 8. Editioun vum Chrëschtmoart am LGE

Déi 8. Editioun vum Chrëschtmoart, déi de 15. Dezember 2025 stattfonnt huet, stoung och dëst Joer nees ganz am Zeeche vun der Solidaritéit.

D’Madamm Claudine Bley, Coordinatrice vum Chrëschtmoart, huet ervirgehuewen, datt virun allem dat aussergewéinlecht Engagement vun de Schülerinnen a Schüler ëmmer nees dozou motivéiert, dëse grousse Projet unzegoen. D’Schoul hätt och d’Aufgab, de Jonken ze vermëttelen, wéi wichteg et ass, sech fir Mënschen anzesetzen, deenen et manner gutt geet oder déi op Ënnerstëtzung ugewise sinn. Benevolat a Solidaritéit wieren haut net méi selbstverständlech a géifen dofir eng besonnesch Bedeitung hunn.

Den Här Pascal Bermes, Direkter vum LGE, an den Här Jeff Heyart, Directeur adjoint vum LGE, hunn alle Bedeelegten hire grousse Merci ausgeschwat. Zesumme konnte si de stolzen Erléis vu 4.000 Euro un d’Madamm Chantal Keller, Presidentin vu „Blëtz a.s.b.l.“, iwwerreechen. Dëst ass eng Lëtzebuerger Asssociatioun fir Betraffener vun engem Hiereschlag. D‘Zil ass et, Persounen, déi vun engem Hiereschlag betraff sinn, souwéi Kanner, Jugendlecher, Erwuessener an hir Familljen an allen Etappe vun der Krankheet Hëllef an Ënnerstëtzung unzebidden.

Informatiounen iwwert de Blëtz : www.bletz.lu



photos : Sven Bour