Actualité

Schoulausfluch vun der 3G op München

Véier Deeg laang war d’Klass 3G vum Jongelycée mat hiren Enseignanten zu München ënnerwee. Wärend dëser Rees hat d’Klass d’Geleeënheet, München aus ganz verschiddene Perspektiven ze entdecken.

Nieft enger Stadrallye duerch d’Münchener Alstad an enger Visitt vum Schlass „Nymphenburg“ stoung och e Besuch vun der Gedenkstätte vum fréiere Konzentratiounslager Dachau um Programm. Bei engem geféierte Rondgang duerch d’BMW-Welt konnten d’Schülerinnen an d’Schüler och méi iwwert d’Welt vum Automobil léieren.

Fir Ofwiesslung a Spaass hu weiderhin och nach e Besuch um Summerfestival „Tollwood“ an d’Participatioun un engem Escape Room gesuergt. Eng ofwiesslungsräich Rees mat villen neien Andréck, gemeinschaftlechen Erliefnesser an onvergiessleche Momenter fir d’3G ass schlussendlech mat engem gemeinsame leckeren Owesiessen am „Augustiner Klosterwirt“ op een Enn gaangen.