Actualité

Schoulfest 2026 – E flotten Ofschloss vum Schouljoer

Dëst Joer war eist Schoulfest, dat een neit Konzept hat, e grousse Succès an e schéinen Ofschloss vum Schouljoer. D’Schülerinnen a Schüler, d’Enseignanten an déi extern Intervenanten hunn zesummen en ofwiesslungsräichen Dag mat villen Aktivitéiten, flotte Begéinungen a gudder Stëmmung verbruecht.

De Moie gouf mat der Regence ugefaangen. Duerno konnten d’Schülerinnen an d’Schüler un den Atelieren deelhuelen, déi si am Viraus ausgewielt haten. Si haten de Choix tëscht zwee Ateliere vu 50 Minutten oder engem Atelier vun 90 Minutten. Déi villfälteg Atelieren hunn et jidderengem erlaabt, Neies auszeprobéieren, kreativ ze sinn oder sech sportlech ze engagéieren. Tëschenduerch war genuch Zäit fir eng Paus an den Austausch mat de Klassekomeroden an den Enseignanten.

An der Mëttespaus hat jiddereen d’Méiglechkeet am Schoulhaff eppes z’iessen, ze drénken an ze genéissen. Um Menü stoungen ënner anerem Gegrills, Fritten, Mais, Glacen a verschidde Gedrénks, soudatt fir jiddereen eppes dobäi war.

Eng Traditioun gouf du virugefouert: d’Matcher am Volleyball tëscht den Enseignanten an de Primaner, déi fir Begeeschterung bei de Spectateure gesuergt hunn. Déi flott Ambiance an de fairen Asaz vun allen Acteuren hunn dësen Dag op eng besonnesch Aart a Weis ofgerënnt.

D’Schoulfest huet nach eng Kéier gewisen, wéi wichteg esou gemeinsam Erliefnesser fir e gutt Schoulklima sinn. Et war eng Geleeënheet, zesummen ze laachen, nei Erfarungen ze sammelen an d’Schouljoer an enger entspaanter an häerzlecher Atmosphär ofzeschléissen.

E grousse Merci geet un all déi, déi zum Gelénge vum Schoulfest bäigedroen hunn – d’Enseignanten, d’Mataarbechter, déi extern Intervenanten esou wéi d’Membere vun der Apelge an der Avek. Duerch hiren Asaz ass dësen Dag fir jiddereen zu engem flotten Erliefnis ginn.