Les élèves intéressés aux cours facultatifs et aux activités parascolaires suivantes sont priés de s’inscrire dans les meilleurs délais (l’inscription sera disponible dans quelques jours)
Les cours débuteront le lundi, 5 octobre 2026.
Voici la liste complète des cours facultatifs proposés : Cours facultatifs 2026-2027
3D Modelisatioun & 3D Drock vun enger Figurine („Funko Pop“, Miniaturen, asw.)
(Gross Raoul) Dënschden 14:25-15:30 (Sall « Mac » (1047))
Maximal Schülerunzuel : 12
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours (kuerz Beschreiwung)
Zesummen entdecke mer déi faszinéierend Welt vum 3D. Dobäi ass eist Zil, fir um Enn vum Schouljoer eng eege Figurine (Beispill: „Funko Pop“) an den Hänn ze halen. Eis Rees start mam TinkerCAD, engem 3D-Programm, dee fir Schüler geschriwwe ginn ass an dofir einfach ze gebrauchen ass. All Participant kritt e perséinlechen Zougangscode fir och doheem kënne weiderzeschaffen, falls gewollt, well Hausaufgabe ginn et keng.
Zilpublikum : 7e bis 1re
Atelier d’écriture poétique
(Hoff Valérie / Trentin Raoul) Mëttwoch : 14:25-16:10 (Sall 304)
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours
D’Schülerinnen an d‘Schüler solle fir d‘Schreiwen (Poesie, Prosa, asw.) sensibiliséiert ginn, andeems si verschidde Schreiftechniken entdecken an dës an Übungen uwenden. D‘Zil ass et, eng Sammlung mat de beschten Texter vun de Participanten zesummenzestellen.
Zilpublikum 5e bis 1re
Book Club (4e-1re)
(Bregoli Nina (2E LGE) / Moos-Schmit Melissa (2A LHCE)) : eemol pro Mount je no Disponibiblitéit vun de Participanten : 14h30-16h00 (CDI)
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours : e Grupp vu passionéierte Lieserinnen a Lieser trëfft sech am CDI, fir sech iwwer Bicher, Iddien a Gedanken auszetauschen. Um Enn vun all Meeting gëtt en neit Buch ausgewielt, dat jidderee bis déi nächst Kéier a senger Liiblingssprooch liese kann.
Zilpublikum : 4e bis 1re
Book Club JUNIOR (7e-5e)
(Fiedler Nancy / Reimen (Pia) : ee-bis zweemol pro Trimester je no Disponibiblitéit vun de Participanten : 14h30-16h00 (CDI)
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours : e Grupp vu passionéierte Lieserinnen a Lieser trëfft sech am CDI, fir sech iwwer Bicher, Iddien a Gedanken auszetauschen. Um Enn vun all Meeting gëtt en neit Buch ausgewielt, dat jidderee bis déi nächst Kéier a senger Liiblingssprooch liese kann.
Zilpublikum : 7e bis 5e
Debattéier-Club
(Luciani Daniel) : Mëttwoch 14:25-15:15 (CDI)
Maximal Schülerunzuel : 10
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours
- Léieren, seng eege Meenung auszedrécken an un enger Diskussioun deelzehuelen;
- Seng Argumentatioun entwéckelen a verbesseren;
- Léieren, aner Meenungen ze akzeptéieren an d‘Meenungsfräiheet an enger demokratescher Gesellschaft ze schätzen.
D‘Theme gi vum Enseignant a vun de Schülerinnen a Schüler virgeschloen. D‘Auswiel vun den Theme gëtt vun de Schülerinnen a Schüler getraff.
Zilpublikum : 7e bis 1re
Theater – DramatEsch
(Lucarelli Carla/ Breckler Christine) : Dënschden 14:25-16:10 (Festsall)
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours
Léieren op enger Bün ze stoen, virun engem Publikum sech ausdrécken, seng däitsch an/ oder franséisch Diktioun verbesseren.
Diktioun, Improvisatioun, d’Basë vum Schauspill léieren, Zeene spillen aus Theaterstécker an zum Schluss viru Publikum optrieden.
Zilpublikum All Schülerinnen a Schüler, ob mat oder ouni Theatererfarung, vu 7e bis 2e.
Grupp Geoghelli
(Knoch Cynthia/ Bosseler Valérie / Welter Chrissi / Balog Jess) Freiden 14:25-16:00 (Festsall / Villa Koch)
Maximal Schülerunzuel : 25
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours (kuerz Beschreiwung)
Workshops am Schauspill, Gesang, Danz, Grimmage, Bünentechnik, Dekor a Requisittebau mat der Finalisatioun vun der Opféierung vun engem satiresche Musekstheaterowend
Zilpublikum 7e bis 1re
Initiatioun an déi chineesesch Sprooch
(Schaaf Jochen) : Mëttwoch 14:25-16:10 (Villa Koch)
Maximal Schülerunzuel : 18
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours : Chineesesch Ëmgangssprooch, geschwat a geschriwwe mat chineeseschen Zeechen
Zilpublikum : 7e bis 1re
Initiatioun an de Reportage – Video
(Mersch Gianni) Mëttwoch 14:25-16:00 Villa Koch (Uelzechtkanal 2. Stack)
Maximal Schülerunzuel 12
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours
Hei kritt een e kuerzen Abléck an d‘Filmen an d‘Schneide vu Videoen. Et gëtt mat Kamera a mam Smartphone geschafft.
Zilpublikum : 7e bis 1re
Japanesch
(Adrian Kiyomi) De Wochendag steet nach net fest (14:25-16:10) (sall 114)
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours
Aféierung an d’Japanescht
Zilpublikum 7e bis 1re
Langue portugaise et cultures lusophones
(Alves Carmen) Donneschden 14:25-15:30 (Sall 116)
Maximal Schülerunzuel : 16
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours
Dëse Cours facultatif vun der portugisescher Sprooch a Kultur verfollegt e schrëttweisen a prakteschen Usaz, deen et de Schülerinnen a Schüler erméiglecht, d‘Grondlage vun der portugisescher Sprooch unhand vun Alldagssituatiounen ze léieren.
De Schwéierpunkt läit op dem Lauschteren an dem Schwätzen. Mat Hëllef vun einfachen Ausdréck, kuerze Sätz an Audio- a Videomaterial, dat online disponibel ass, maachen d‘Schülerinnen a Schüler sech mat de wichtegsten Ausdréck aus dem Alldag vertraut. Dëst schaaft eng zolidd Basis fir hir mëndlech Kommunikatioun an hire weidere Fortschrëtt an der portugisescher Sprooch.
Portugisesch léieren ass gläichzäiteg eng perséinlech an eng berufflech Beräicherung, e Pluspunkt am CV an e Virdeel, deen iech den Alldag zu Lëtzebuerg (an doriwwer eraus) erliichtere kann.
Zilpublikum vu 7e bis 1re
Lëtzebuerger Schreifweis
(Karier Géraldine) Mëttwoch 14:25-15:15 (Sall 123)
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours (kuerz Beschreiwung)
Um Enn vun dësem Cours kennt jiddereen déi wichtegst Reegelen, no deenen d‘Lëtzebuergescht geschriwwe gëtt, a weess och, wou een d‘Schreifweis vun eenzelne Wierder nokucke kann.
Zilpublikum 7e bis 1re
MATh.en.JEANS
(Coursimault Céline) Freiden 14:25-15:30 (Sall 204)
Maximal Schülerunzuel : 20
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours
Den Atelier MATh.en.JEANS erméiglecht et de Schülerinnen a Schüler, Mathematik op eng aner Aart a Weis ze entdecken, andeems si selwer Fuerschung bedreiwen. Dobäi ginn hire Virwëtz, hir Selbstännegkeet an hir Kreativitéit gefërdert. Ënnert der Leedung vun enger Mathematiksenseignante an engem Fuerscher vun der Universitéit schaffen d’Participanten a klenge Gruppen u Fuerschungsfroen, déi hirem Niveau ugepasst sinn. Am Laf vum Schouljoer tausche si sech mat Schüler aus anere Gebaier aus a presentéieren hir Aarbechten op engem wëssenschaftleche Kongress. Als Ofschloss verfaasse si en Artikel, an deem si hir Resultater dokumentéieren – ganz am Sënn vun echte Fuerscherinnen a Fuerscher.
Zilpublikum 7e bis 1re : Den Atelier ass fir all Schülerinnen a Schüler, onofhängeg vun hire Resultater an der Mathematik.
Melomania – Ensemble Crescendo
(Parrasch Marc) jour et horaire à déterminer (Villa Koch)
Maximal Schülerunzuel : 16
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours
Dëst ass e klengen, dofir awer performante, Gesangsensemble. Hei gëtt fir de Melomania ageprouft.
Fir matwierken ze dierfen, muss ee virsange kommen an do seng Stëmm esou gutt wéi méiglech presentéieren, awer och säi Kënnen an der Lecture à vue an am Gehörtraining virweisen.
Zilpublikum 7e bis 1re
Melomania – Harmonie LGE
(Parrasch Marc) jour et horaire à déterminer (Villa Koch)
Maximal Schülerunzuel : 50
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours
Dëst ass de groussen Orchester, an deem sech op de Melomania virbereet gëtt.
Prinzipiell sinn all gängeg Instrumenter gefrot, et ginn allerdéngs just limitéiert Plaze fir Pianisten.
Zilpublikum 7e bis 1re
Mérite Jeunesse
(Breckler Christine/ Mastropietro Julia/ Reimen Pia/ Zovilé Isabelle)
Et besteet kee festen Dag, mee an Ofsprooch mat de Schülerinnen a Schüler fënnt zwee- oder dräimol am Trimester een Treffe statt (Sall 120)
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours (kuerz Beschreiwung)
Du wëlls gäre beim Mérite Jeunesse matmaachen an nei Erfarunge sammelen? Dech am Benevolat engagéieren, en neit Talent oder eng nei Sportaart ausprobéieren a mat anere Participanten eng Expeditioun mat Zelt a Rucksak ënnerhuelen? Da mell dech bei eis: mir ënnerstëtzen dech op dengem Wee zum bronzenen, sëlweren oder gëllenen Ofzeechen!
Zilpublikum Schülerinnen a Schüler vu 14 Joer un
Schach
(Goerens Jean-Paul / Schuster Tom) Méinden 14:25-15:15 (Sall 114)
Maximal Schülerunzuel : 18
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours
Aféierung an d‘Schachspill fir Ufänger,
adequat Exercicë fir déi, déi scho spille kënnen,
Participatioun un de Schoulschach-Turnéieren (7 bis 8 am Schouljoer)
Zilpublikum 7e bis 1re
SkillsTruck
Donneschden 14:25-16:10 Lycée Technique Lallange (Transport vum LGE aus organiséiert)
Maximal Schülerunzuel : 8
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours
An engem SkillsTruck, engem impressionante Camion-Atelier, deen um Site vum Lycée Technique Lallange (LTL) stationéiert ass, hues du eng eege Wierkbänk an all dat néidegt Geschier an Outilen zur Verfügung, fir deng Projeten ëmzesetzen. Dobäi gëss du vun engem Fachmann encadréiert. Virkenntnesser si keng néideg.
Et ass méiglech, dëse Cours facultatif wärend dräi Trimester ze besichen oder wärend ee bis zwee Trimester.
- Workshop Kachen & Pâtisserie (1. Trimester) Mat der Hëllef a Berodung vun engem Fachmann léiers du verschidde Kach- a Baktechniken kennen, fir séiss a salzeg Preparatiounen hierzestellen.
- Workshop Coiffure & Esthétique (2. Trimester) Du hues eng eegen Aarbechtsplaz an all déi néideg Accessoiren zur Verfügung, fir komplett Stylings (Hoer a Make-up) ëmzesetzen. Du kriss en ëmfaassenden Abléck an d‘Beruffer aus dem Beräich Schéinheet a léiers d‘Grondlage vum Image a vun der Berodung kennen – ëmmer begleet vun de Rotschléi vun engem Fachmann.
- Workshop Holz & Metall (3. Trimester) Du baus, schaffs a bastels gär a wëlls verstoen, wéi Géigestänn hiergestallt ginn? Du schaffs eleng oder am Team a gesäis deng Fortschrëtter vu Woch zu Woch. Holz seeën, schläifen a montéieren, Metall schneiden, bueren a béien – dat wäert geschwë keng Schwieregkeete méi fir dech duerstellen.
Zilpublikum 7e bis 1re
Stressfräi – Entspanungscours fir méi Rou am Alldag
(Schmit Lynn) Mëttwoch 14:25-15:15 (De Cours fënnt vum 11. November 2026 bis den 3. Februar 2027 statt.) Villa Koch
Maximal Schülerunzuel 7
Zilsetzungen an Objektiver vum Cours (kuerz Beschreiwung)
Am Cours befaasse mer eis mam Thema „Stress“, d‘Auswierkungen dovunner op eist Wuelbefannen a léieren och d‘Method vun der progressiver Muskelrelaxatioun (nom Edmund Jacobson) kennen. Dës kann ee selbstänneg an akute Stresssituatiounen (Prüfungen, Examen asw.) uwenden. D‘geziilt Übe vun der progressiver Muskelrelaxatioun am Alldag dréit zu engem emotionalen Equiliber bäi.
Et handelt sech ëm en interaktive Cours, bei deem et wichteg ass, ze participéieren a sech ënnerteneen auszetauschen. Ausserdeem ass déi progressiv Muskelrelaxatioun eng Zort Training, wou et och drëms geet, d‘Übungen eegestänneg a reegelméisseg doheem ëmzesetzen.
Zilpublikum vu 7e bis 5e
Bei Froe steet de SePAS gären zur Verfügung.
Sportsektioune
Fitness / Fussball / Badminton / LASEL / Danz/Gym / Handball / Basketball / Volleyball – weider Infoe kritt Dir bei äre Sportsproffen.

