An eiser Schoul ass en neie Projet gestart: „De Schoulgaart“. Mat dësem wëlle mir eise Schoulhaff méi gréng an agreabel gestalten an domat och nei Plaze schafen, wou eis Schülerinnen a Schüler sech kënnen ophalen, zesummesëtzen a sech am Schiet ophalen.
Am Mëttelpunkt stinn dobäi verschidden Hochbeeter a Sëtzgeleeënheeten, déi net nëmme fir méi Gréngs suergen, mee och e konkrete Liewensraum fir d’Natur schafen. Mir hunn ënnert anerem Kraider a verschidde Planzen, déi fir Insekten nëtzlech sinn, souwéi Kabes a Rout Rommelen, ugeplanzt. Esou kënnen d’Schülerinnen a Schüler d’Entwécklung vun de Planzen iwwert d’Joer verfollegen an dobäi méi iwwert d’Natur, d’Biodiversitéit an d’Notzung vu Planze léieren.
Fir d’Ëmsetzung vum Projet hu mir mam CIGL zesummegeschafft. De CIGL huet déi verschidde Moduller virbereet, zesummegebaut a geliwwert. An enger flotter Aktivitéit iwwer zwee Deeg konnten ënnerschiddlech 7e– a 6e-Klassen aktiv un der Gestaltung vun hirem Schoulhaff deelhuelen.
D’Schülerinnen a Schüler waren an e puer Gruppen opgedeelt: Eng Grupp huet d’Hochbeeter mat Äerd gefëllt, eng aner Grupp huet d’Planzen agesat, an eng weider Grupp konnt – mat Ënnerstëtzung – déi lescht Moduller zesummebauen. Dobäi war net nëmmen d’Mataarbecht gefrot, mee och Teamgeescht, Verantwortung a Sënn fir d’Ëmwelt.
De Projet „De Schoulgaart“ soll de Schülerinnen a Schüler weisen, datt si hiren Alldag an hir Ëmwelt aktiv matgestalte kënnen. Gläichzäiteg léiere si, Verantwortung fir déi gemeinsam Raim ze iwwerhuelen an d’Material an d’Aarbecht vun aneren ze respektéieren.
Mir freeën eis, de Schoulgaart an den nächste Méint wuessen an entstoen ze gesinn – a mat him e méi gréngen a méi frëndleche Schoulhaff fir eis alleguer!

