De Weekend vum 19. an 20. September huet am Kader vum Mérite Jeunesse eng weider Expeditioun fir eis Participantë stattfonnt. Dobäi hunn d’Schülerinnen a Schüler eng sportlech an usprochsvoll Wanderung iwwer insgesamt 32 Kilometer gemeeschtert.
Samschdesmoies ass d’Grupp vu Grolënster aus op eng Wanderung vu ronn 16 Kilometer duerch de Mëllerdall bis op de Camping zu Konsdref gestart. No der Arrivée hunn d’Participanten hir Zelter opgeriicht an d’Nuecht um Camping verbruecht.
Sonndesmoies ass d’Expeditioun mat enger weiderer Wanderung vu ronn 16 Kilometer weidergaangen. Vu Konsdref aus huet de Wee d’Participantë bis op Iechternach gefouert.
Trotz de ville Kilometer an den usprochsvollen Etappe konnten d’Participanten d’Expeditioun erfollegräich ofschléissen. Dobäi hu si net nëmme sportlech Ausdauer bewisen, mee och wäertvoll Erfarunge gesammelt an hiren Teamgeescht gestäerkt.
Participanten: Cédric Muno (1B), Bob Li (1B), Loe Ginepri (2E), Esther Franzen (1C)






























