Actualité

125 Joer LGE : Ar Erënnerungen zielen

Am Kader vum 125. Anniversaire vum LGE sammele mir Erënnerungen aus dem Schoulliewen : kleng Geschichten, Fotoen oder Géigestänn, déi lech nach haut un Är Zäit am Lycée erënneren.

Egal aus wei enger Generatioun Dir kommt: Mir freeën eis iwwer all Bäitrag, deen e Stéck LGE-Geschicht erzielt.

Wat siche mir?

  • Fotoe vum Schoulliewen (Klassen, Ausflich, Evenementer, Aktivitéiten)
  • Biller vu Géigestänn oder Dokumenter, déi lech mam LGE verbannen.
  • Dokumenter oder Objeten aus Familljenarchiver
  • Perséinlech Erennerungen oder Anekdoten

Ar Bäiträg kënnen am Kader vum 125. Jubiläum an Artikelen, Ausstellungen oder anere Projete ronderëm de Gebuertsdag vum Lycée benotzt ginn.

Schéckt se gären un: 125joer@Ige.lu

Mir freeën eis op Ar schéin Erënnerungen!

Zesumme schreiwe mir d’Geschicht vum LGE weider.