Léif Frënndinnen a Frënn vum Uelzechtkanal,
zënter Februar 1996 gëtt d’Sendung vum Uelzechtkanal all Mount op de Lëtzebuerger Antennen ausgestraalt.
Dëst Joer feiere mir dofir den 30. Gebuertsdag vun eiser Tëlee aus dem Escher Jongelycée.
Heimat sidd dir dann och häerzlech op eis Feier am LGE invitéiert, an dat:
Freides den 20. November 2026 um 19h00 am Festsall vum LGE
Mir géifen iech bieden, iech beim Schülersekretariat vum LGE bis spéitstens den 20. Oktober unzemellen.
Sot eis och w.e.g. Bescheed, zu wéivill Persounen datt dir kommt.
=> schuelersekretariat@lge.lu oder => (+352) 55 62 85 – 220
Mir géifen eis freeën, iech all deen Owend kënnen ze gesinn a gemeinsam op d’30 Joer Uelzechtkanal unzestoussen.
Mat kolleegiale Gréiss,
D’Ekipp vum Uelzechtkanal

