Actualité

Teambuilding am Ellergronn

Wéi all Joer hunn eis 7e-Klassen an d’CLIJAA den Ufank vum neie Schouljoer mat engem gemeinsamen Ausfluch an den Ellergronn gestart. Zesumme mat hirer Regente oder engem Enseignant an dem SSE hunn d’Schülerinnen a Schüler en Dag an der Natur verbruecht, fir sech besser kennenzeléieren an als Klass zesummenzewuessen.

Moies stoung en Naturrallye duerch de Bësch um Programm, bei deem d’Schülerinnen a Schüler zesummen Aufgaben a kleng Erausfuerderunge gemeeschtert hunn. Nomëttes huet sech dunn alles ëm den Teambuilding gedréint. Bei flotten, ofwiesslungsräichen an heiansdo ganz lëschtegen Aktivitéite si Kooperatioun, Kommunikatioun a géigesäitegt Vertraue gefrot.

Dëse Kenneléierdag bitt de Schülerinnen a Schüler d’Méiglechkeet, nei Kontakter ze knäppen, sech besser kennenzeléieren an de Klassegeescht ze stäerken. Esou gëtt schonn um Ufank vum Schouljoer eng gutt Basis fir e respektvollt Mateneen an eng positiv Klassegemeinschaft geschaf.


Klass 7C1 :


Klass 7C2 :


Klass 7C3 :


Klass 7C4:


Klass 7C5 :


Klass 7C6 :


classe CLIJA :