Actualité

Fotoen vum LGE Chrëschtmoart 2019


 


Och 2019 war de Chrëschtmoart am LGE erëm e grousse Succès mat iwwer 700 Visiteuren

Den Erléis ass fir e gudden Zweck a geet dëst Joer un folgend Organisatiounen :

  • Tukwataniise Asbl – Dëst ass eng kleng asbl, déi gezielt e Projet am Uganda ënnerstëtzt. D’Sue ginn integral fir d’Infrastruktur vun enger Schoul/Weesenheem agesat mam Zil de Kanner besser conditioune fir ze léieren an domat eng besser Zukunft ze schafen.
  • Jetimat e Ballkanit : „Die Weisen vom Balkan“ – Dës Organisatioun aus dem Kosovo këmmert sech em Weesekanner an aarm Familjen an der Balkan-Regioun. Weider Infos fannt Dir hei : https://jetimateballkanit.com/

D’Remise des Chèques un béid Organisatiounen ass den 22. Januar um 13h30 am Festsall vum LGE!