Actualité

Den Owend mam Jhemp Hoscheit an Jules Arpetti gëtt op e spéideren Datum VERLUECHT

DËS VERANSTALTUNG GËTT OP E SPÉIDEREN DATUM VERLUECHT!!!


« Fréier wor alles – » eng satiresch Chronik vun de 6oer Jore bis haut

vun a mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti

Nom grousse Publikumserfolleg vun de politesche Joresréckblécker ‘Sorry fir den Duercherneen’ (2017) a ‘Märd alors!!!’ (18 Virstellungen 2019), ass dës nei kabarettistesch Liesung e witzegen, ofwiesslungsräichen zäithistoresche Réckbléck vun de 6oer Jore bis haut. Vum Analoge bis zum Digitalen: Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum Handy, vun der Musekcassette bis zum Streaming, vum Thé Dansant bis zur Technoparty, vum Homo erectus bis zum Smombie.Vu Bonanza bis zum Game of Thrones.

Humor, Ironie a Wuertwitz verbanne sech mat enger Dosis Nostalgie. Vergaangenes gëtt awer net nëmme just opgewiermt, mee kritesch hannerfrot a mat Aktuellem opgekacht. Dës Zäitrees ass generatiouneniwwergräifend, duerch en Hin an Hier tëscht fréier an dem Zäitgeescht vun haut.

De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill mam Museker a Gittarist Jules Arpetti op, deen net nëmmen kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat de passende Songen an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.

* fräien Entrée

* Organisatioun: Direktioun a Comité des professeurs vum Lycée de Garçons Esch

* Den neien Datum gëtt nach festgeluecht (virraussiichtlech am September)

* Reservatioun : Iwwer Telefon um : 55 62 85-210 oder per Email op: chantal.sonnetti@lge.lu