Actualité

Studierees op Mauthausen


Vum Mëttwoch, 11. Mee, bis Méindeg, 16. Mee 2022, waren 22 Schüler an Schülerinne vun den 2èmes-Klassen aus dem LGE mam Här Gianni Mersch an der Mme Noémie Borges op eng Studierees op Mauthausen.  

Si sinn am Kader vum Jugendpèlerinage matgereest, deen d‘Lëtzebuerger Amicale Mauthausen 2022 erëm organiséiert huet, an deen an déi fréier Konzentratiounslager Mauthausen, Ebensee, Gusen, Hartheim a Steyr (Éisterräich) gefouert huet. Och 176 Lëtzebuerger goufen ënnert dem Nationalsozialismus op Mauthausen an an déi eenzel Niewelager deportéiert, 60 vun hinnen hunn net iwwerlieft. 

D’Visite vun de Schülerinnen huet den 12. Mee an der Gedenkstätt Ebensee ugefaang an ass du weider an d’KZ Mauthausen gaangen. Eng Table ronde huet am Owend dat Erlieftend ageuerdent. 

Freides, den 13. Mee, hunn sech Visite-guidéeë vum “Lern- und Gedenkort Schloss Hartheim” esouwéi vum “Stollen der Erinnerung” zu Steyr ugeschloss. Hei huet de Grupp och weider Jugendlecher aus anere Länner kennegeléiert. 

En Ausfluch op Salzburg gouf um Samschden, 14. Mee, zesummen ënnerholl, ier si sech sonndes, de 15. Mee, erëm zu Mauthausen afonnt hunn, fir un der internationaler Commemoratioun vun der Befreiung vum KZ deelzehuelen. D’Visite vum Memorial Gusen huet d’Rees deen Dag ofgeschloss.



Hei e puer Andréck vun hirer Rees: