Agenda

Konferenz vum Régis Moes : D’Kolonialgeschicht vu Lëtzebuerg (org. AvEK)

22/10/2024 19:30

D‘Amicale vum Escher Kolléisch invitéiert iech häerzlech, op hir aachten Aktivitéit am Joer 2024 den 22. Oktober um 19:30 Auer am Festsall vum Escher Jongelycée:

Konferenz vum Régis Moes
Conservateur am Nationalmusée um Fëschmaart
mam Thema: D’Kolonialgeschicht vu Lëtzebuerg

De Régis Moes ass Historiker an en Expert fir d’Lëtzebuerger Kolonial-geschicht. Als Conservateur fir Lëtzebuerger Zäitgeschicht an d’Arts décoratifs et populaires am Musée national d’archéologie, d’histoire et d’art (MNHA) huet en esou och 2022 eng grouss Ausstellung iwwert d‘kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg op d’Bee gestallt.

Aus organisatoresche Grënn mellt iech wgl. un an deelt eis mat zu wéivill der kommt:
– per Mail op avek@avek.lu oder
– um Handy 691 88 55 11 vum Ermin Sonnetti.

De Parking vum LGE um Gruef („rue du Fossé“) ass accessibel.


Zur Informatioun, maacht iech bei Interessi e “Save the date” fir eisen Turin-Tour vum 5. bis den 12. Abrëll 2025.


De Kommitee erënnert un de Fonds Social de l’Amicale vum Escher Kolléisch, mat deem all sozial Ausgabe finanzéiert ginn. De Kommitee seet iech Merci fir är generéis Donen, déi dir op de Konto Fonds Social de l’Amicale vum Escher Kolléisch iwwerweise kënnt: BGL BNP Paribas, Konto BGLL IBAN LU19 0031 0845 2094 0000