Actualité

Ausflich mam SSE : Walygator Park a Kayak fueren

Ausfluch mam SSE an de Walygator Park

En Donneschden, den 10. Juli war den SSE mat 34 Schülerinnen a Schüler an de Walygator Park. Si hunn sech all gutt ameséiert a sinn esou an hir verdéngte Summervakanz gestart.

Merci un all d’ Schülerinnen a Schüler, déi matkomm sinn!



Ausfluch mam SSE – vun Dillingen op Iechternach mam Kayak

E Freiden, den 11 Juli, war den SSE mat 12 Schülerinnen a Schüler op Dillingen gefuer, vir vun do aus 12km Kayak ze fueren bis op Iechternach. Si waren alleguer ganz sportlech engagéiert an hunn sech gutt amuséiert.