De Book Club ass eng Initiativ, déi 2022 vum Briana Da Silva Sousa an dem Leni Georges, zwou Schülerinne vun der deemoleger 3eA, an d’Liewe geruff gouf. Dëst Schouljoer gouf de Bookclub vum Leni Georges (1A) a vum Shana Huss (1C) animéiert. Heifir koumen all Schülerinnen a Schüler, déi sech fir d‘Liese begeeschteren, eemol de Mount am CDI zesummen, fir sech ongezwongen iwwert hir Lieserfarung auszetauschen. D’Membere vum Bookclub hunn um Enn vun all Treffen ee Buch erausgesicht, dat si dann an deenen nächste Woche gelies hunn. D’Bicher konnten an där Sprooch gelies ginn, déi dem Lieser am meeschte läit respektiv zouseet.
Meetingen am Schouljoer 2024-2025: (Donneschdes ab 14h30 am CDI)
- 3. Oktober 2024 : Kenneléier-Meeting
- 7. November 2024 : Ursula Scavenius – The Dolls
- 12. Dezember 2024 : Clarice Lispector – the Passion According to G.H.
- 9. Januar 2025 : Patrick Süskind – Die Taube
- 6. Februar 2025 : Elfriede Jelinek – Die Klavierspielerin
- 6. Mäerz 2025 : Rob Sheffield – love is a mixtape
- 26. Juni 2025 : Wajdi Mouawad – Incendies : le sang des promesses 2
