De Book Club ass eng Initiativ, déi 2022 vum Briana Da Silva Sousa an dem Leni Georges, zwou Schülerinne vun der deemoleger 3eA, an d’Liewe geruff gouf. Heifir koumen all Schülerinnen a Schüler, déi sech fir d‘Liese begeeschteren, eemol de Mount am CDI zesummen, fir sech ongezwongen iwwert hir Lieserfarung auszetauschen. D’Membere vum Bookclub hunn um Enn vun all Treffen ee Buch erausgesicht, dat si dann an deenen nächste Woche gelies hunn. D’Bicher konnten an där Sprooch gelies ginn, déi dem Lieser am meeschte läit respektiv zouseet.
Meetingen am Schouljoer 2022/2023 :
- 11.01.2023 : éischte Meeting vum « LGE Book Club »
- 08.02.2023 : Book Club LGE : James Baldwin – Giovanni’s Room
- 08.03.2023 : Book Club LGE : Ingrid Noll – Die Apothekerin
- 08.03.2023 Liesung mam Anne-Marie REUTER an Elise SCHMIT am Kader vum Internationale Fraendag (Organisatioun : Briana a Leni vum Book Club LGE)
- 19.04.2023 : Book Club LGE : Alisson WOOD – Being Lolita
- 10.05.2023 : Book Club LGE : Gabriel GARCIA MARQUEZ – Chronicle of a death foretold
- 14.06.2023 : Book Club LGE : Antoine POHU – Parfois la nuit se tait (en présence de l’auteur)

