“Um Fouss vun de Fielsen, déi hannert den Haiser,
vu Baschten zerrass, an der Owessonn stinn,
am roude Revéier mat Brécken a Gleiser,
déi nëmmen drop waarden, zerschloen ze ginn…
(„Wou ech wunnen“)
Am fréieren Zentralatelier vun der Metzeschmelz hunn Enn September zwee aussergewéinlech Concertsowender stattfonnt: „Däischter Deeg – Minett Poesie“, en Hommage un de Gaston Rollinger (1946–2024), Dichter, Filmemacher a fréieren Enseignant am Escher Jongelycée.
Als Intro gouf de Kuerzfilm „Mon Pays“ gewisen, an deem de Gast Rollinger e Gedicht vun der Poetesse Anne Blanchot-Philippi zeenesch ëmgesat huet. Fir dëse Film krut hien 1982 zu Montréal (Kanada) den éischte Präis vum Concours poésie des Télévisions francophones. Dëse Film, dee momentan net ëffentlech disponibel ass, huet de Public direkt an dem Gast seng poetesch Welt eragefouert. Wärend de Kuerzfilm gelaf ass hunn d’Museker lues a lues ugefaang mat spillen an d’Biller musikalesch ze begleeden.
D’Gedicht vum Anne-Blanchot-Philippi, Poetesse vun Däitsch-Oth huet de Gast Rollinger dozou inspiréiert selwer Gedichter ze schreiwen: iwwert seng Welt an där hir gelieft huet an déi hien ëmginn huet : de Quartier Hiehl, wou hie säi ganzt Liewe verbruecht huet, den Ellergronn an d’Land vun der rouder Äerd mat der Eisenindustrie.
De Gast a seng Poesie stoungen dann och am Mëttelpunkt vum Owend: ënnert der Leedung vum Fränz Hausemer (Piano a Gesang) an de Muséker Greg Lamy (elektresch Gittar), Benoît Martiny (Batterie, Perkussioun), Luciano Pagliarini (Saxophon), Benoît Legot (Kontrabass), Renata Van der Vyver (Braatsch), Daniel Pagliarini (Akkordeon) an dem Marco Lorenzini (Rezitatioun) goufen eng ganz Rei vun de Gedichter musikalesch virgedroe.
An der rauer, kaler Atmosphär vum Zentralatelier, tëscht Stolträgeren an tëscht de Spuere vun der Eisenindustrie, hu Musek, Film a Poesie sech zu engem Ganze vermëscht an de Publikum an hire Bann gezunn. Dofir goufen et um Enn vun éischten Owend och méi wéi verdéngte Standing Ovations fir d’Muséker a de Schauspiller. E bëssen onheemlech war d’Gedicht vum “Mann mam Messer”, dat vum Marco Lorenzini perfekt virgedroe gouf esou dass een Héngerhaut hat an sech iwwerluecht huet ob een nach eemol wéilt aleng an den Ellergronn spadséiere goen… D’Musek huet zu all Moment zur spezieller Atmosphär bäigedroen an d’Stëmmungen aus de Gedichter perfekt transportéiert. Vu verspillt bis melancholesch an düster waren all d’Biller vun de Gedichter och musikalesch perfekt ëmgesat.
De Concert war Deel vun engem méi grousse Projet, un deem de Museker a Regisseur Fränz Hausemer iwwer e puer Joer geschafft huet. Doraus sinn de Museksalbum „Däischter Deeg“ (2024) an den Dokumentarfilm „Terre Rouge – Topographie du poète“ entstanen, deen 2025 vum Luxembourg City Film Festival selektionéiert gouf.
Filmowend: Terre Rouge – Topographie du poète
Den Owend virum Concert gouf am selwechte Kader de Dokumentarfilm „Terre Rouge – Topographie du poète“ gewisen. De Film, realiséiert vum Fränz Hausemer, zeechent e sensibelt Portrait vum Gast Rollinger, vu senger Verbindung zum Escher Minett an zu där spezieller Landschaft, déi seng Dichtung gepräägt huet.
An engem Mix aus Archivbiller, Tounopnamen a poetesche Biller féiert de Film de Public duerch Plazen, déi am Gast senger Lyrik ëmmer erëm opdauchen: d’Hiel, den Ellergronn, d’al Schmelz – d’Joreszäiten an d’Vergänglechkeet an d’Schéinheet vun der Natur. Et war en emotionale Filmowend, deen dem Public de Kënschtler als Mënsch a Poet méi no bruecht huet.
D’Concerts- a Filmowender um Site Metzeschmelz waren e schéinen Hommage un de Gast Rollinger – fir déi wou e selwer kannt hunn an awer och fir déi wou en duerch dës Owender réischt kennegeléiert hunn.
Nom offiziellen Deel konnt ee sech an der Buvette vum FerroForum opwiermen a bei engem Patt an engem gudde Maufel nach e bëssen Zäit zesumme verbréngen.
Wien eemol den impressionnante Sitte vun der Metzeschmelz live erliewe wëll – deem sief un d’Häerz geluecht un engem vun den Evenementer vum Kollektiv FerroForum deelzehuelen. Méi Infoen fannt Dir op www.ferroforum.lu
Reportage vum Uelzechtkanal iwwert d’Filmpremière vun « Terre Rouge » um Lux Filmfestival de 14.03.2025:
Dem Gast seng Poesie a Filmer liewe weider: Den Dokumentarfilm „Terre Rouge – Topographie du poète“ ass elo op Blu-ray disponibel, an déi musikalesch vertounte Gedichter vum Album „Däischter Deeg“ ginn et op CD a Vinyl ze kafen.
copyright photos : Romain Girtgen & FerroForum
















