Op der Journée des parents de 24. Januar 2026 konnten d’Elteren net just an den direkten Austausch mat den Enseignanten trieden, mee et goufen och eng Partie Informatiounsreuniounen ugebueden.
Eis 4e krut d’Classe verte, déi am 3. Trimester usteet, virgestallt.
Donieft goufen d’Sektiounen A bis G vun Enseignantë virgestallt, fir dass et de Schülerinnen a Schüler méi einfach fale soll, ee Choix ze treffen. D’Sektiounen I a P waren och duerch ee Stand vertrueden.
Uschléissend ass et virugaange mat enger Presentatioun vun der uni.lu an der Acel fir eis 2e- a 1ère-Schülerinnen a Schüler.
Am Preau hat de Service Jeunesse vun der Stad Esch-sur-Alzette (SJE) ee Stand fir hir Offer den Elteren a Schüler méi no ze bréngen.
D’Apelge huet iwwerdeems dee ganze Moien iwwer d’Eltere mat Kaffi a Kuch verwinnt.
Présentation classe verte (4ième)
Présentation des sections
Présentation uni & ACEL

