An enger feierlecher Zeremonie huet den 10. Mäerz 2026 am Forum Geesseknäppchen d’Iwwereechung vun den Ofzeeche vum Mérite Jeunesse stattfonnt. De Grand-Duc Guillaume, de Prënz Guillaume an d’Ministesch Martine Deprez hunn deene Jonke mat engem Diplom an enger Medail fir hiren Asaz gratuléiert, dëst a Präsenz vun de Lycéesdirektiounen a vun alle Responsable vum Mérite Jeunesse an natierlech vun den Elteren. D’Laureaten hunn sech all iwwer dräi oder sechs Méint oder esouguer iwwert e Joer ewech an engem Sport, an engem perséinlechen Talent souwéi an engem Benevolat engagéiert a waren an der Ekipp zwee bis dräi Deeg op engem Hike an der Natur ënnerwee.
Aus dem LGE huet dëst Joer de Khí-Luc Phù vun der 1eB seng Sëlwer-Insigne kritt.
Mir gratuléieren!

