Actualité

Waassersportbasis Lëlz

Am Kader vun der Optioun „Sport découverte“ ware Schülerinnen a Schüler vun 2e an 3e e Freiden, de 15. Mee 2026 op Lëlz. D’Waassersportbasis huet et hinnen erlaabt, Waassersport- an Outdooraktivitéiten um Stauséi ze entdecken.

Moies stoung Geocache u Land an am Waasser um Programm. Nodeems d’Cachen u Land all geloggt waren, ass et op zwee Kanadier an d’Waasser gaangen, wou déi lescht Cachen ze siche waren.

Mëttes stoung dunn eng klenger Ausfaart um SUP (Stand Up Paddle) um Programm.

De Spaassfaktor koum bei dëser ausserschoulescher Aktivitéit definitiv net ze kuerz.