Actualité

Ausfluch Melomania 2026

Den 23. a 24. Abrëll ware 54 Schülerinnen a Schüler, déi um „Melomania“ matgewierkt hunn op eng edukativ Rees op Maastricht. Si hunn hei un enger ganzer Rei musikaleschen Aktivitéiten deelhuelen dierfen. Dorënner Masterklassen am Piano oder am Gesang, en interessante Cours iwwer Kammermusek, wou d’Zesummespill tëschent de Schüler eng zentral Roll gespillt huet, an och e Skills Lab, wou hiert musikalescht Verständnis gefuerdert gouf. Dës Aktivitéite waren eis komplett käschtefräi vum Conservatoire vu Maastricht ugebuede ginn an et bestoung och de Wonsch vu béide Säiten, esou Projeten an Zukunft weiderzeféieren. Opgrond vun dëser flotter a léierräicher Erfarung wäerte mir versichen, deemnächst nees esou en Echange z’organiséieren.

Owes stoung dunn als Belounung fir déi vill Efforte vum „Melomania“ de Musical „We Will Rock You“ um Programm, wou mir zwar vum Dialog net vill verstanen hunn, well deen op Hollännesch war, mee d’Musek vun der Band „Queen“ huet eis dofir awer trotzdeem begeeschtert.