Haut haten eis 3e-Schülerinnen a Schüler d’Geleeënheet, de Centre de Formation pour Conducteurs an eiser Schoul ze begréissen. D’Interventioun stoung am Kader vun der « Mobilité et sécurité sur la route ».
Wärend enger theoretescher Stonn goufen déi verschidde Gefore vum Verkéier, d’Ursaache vun Accidenter an d’Wichtegkeet vun engem verantwortungsbewosste Verhalen op der Strooss erkläert. An enger praktescher Aktivitéit am Schoulhaff konnten d’Schülerinnen an d’Schüler dono verschidde Simulatoren erliewen, wéi sech z.B. Autosaccidenter auswierken a firwat Sécherheetsreegelen esou wichteg sinn.
Dës interessa
nt a léierräich Presentatioun huet eis Schülerinnen a Schüler fir d’Sécherheet am Stroosseverkéier sensibiliséiert.

